Wëlkomm bei
Bedierfnisorientéiert Berodung an Begleedung fir Familljen
Méin Numm ass Siri an sinn Mamm vun zwee Meedercher ( 2016/2018).Gebuert vun hinnen, huet mech ob den Wee bruecht, mech mat bedierfnisorientéierter “Erzéiung” ze beschäftegen.
Vun Beruff sinn ech Sozialpädagogin. An den leschten drei Joer, hunn ech vill Formatiounen ronderëm bindungs- an Bedierfnis orientéiert Berodung an Begleedung fir Familljen gemeet.
Méin Häerzens Wonsch ass et, en Uert ze schafen ,wou Elteren an Kanner sech treffen an austauschen kennen.
Dëst wäert iech erwaarden:
· Droberodung
· Stoffwëndelberodung
· Bibeba Cours fir Bëbeeën vun 0-1 Joer an Begleedung vun hiren Elteren
· Kleng Entdecker Cours fir Kanner vun 8 Meint -3 Joer an Begleedung vun hiren Elteren
· Bébéemassage
. Wobbelturnen
· Workshopen ronderëm Themen aus dem Familljenalldag
· Familljenbrunch
· Familljencafé
Free mech ob Iech an är Famill
Léif Gréiss an bis gläich
Siri