Wëlkomm bei
Bedierfnisorientéiert Berodung an Begleedung fir Familljen
Bibeba - Bindung an Bezéiung an der Baby Zäit
Dat éischt Joer ass immens schéin an spannend…….. op iech als Famill kënnt sou vill Neies duer, villes changéiert an et komme vill Froen op.
Ech wëll iech duerch dat éischt Joer begleeden.
Zesumme verbréngt der mat aneren Elteren an hiren Bëbeeën eng flott Zäit. Dir kritt altersentspriechend Spill- , Beweegungs- an Sënnesunreegungen fir är Kanner, léiert Elementer aus der Baby Massagë an verdéift duerch déi gemeinsam Zäit Bezéiung zu ärem Kand.
Och Themen déi iech dat éischt Joer mat ärem Bëbee beschäftegen fanne Platz am Cours. Dir hutt Méiglechkeet iech mat aneren Elteren auszetauschen. All Stonn baut op engem altersentspriechenden Thema op an et bleift och nach Raum an Zäit fir eegen Häerzens Themen
Eis Themen si
• Bindung
• Hygiène z.B Stoffwëndelen
• Handling
• Entspannungsmassage fir Kanner
• Entwécklung am éischten Liewensjoer
• Fortbeweegung ( Droen/Pousette)
• Kannersëtz
• Kommunikation mat Bébéen an Kléngkanner
• Nieren/Biberon
• Beikost /BLW
• Beweegung
• Schlof
• Friembetréiung/Agewinnung
• Entspaanung am Elternaldaag
• Zënnpfleg
• Emgéigend secher gestalten
• Selbststännegkeet vun den Kanner
• Trouscht
• Geschwëster
Dauer: 8x90 min
Nexten Start :
Wou : Cabinet Frank Gutenkauf Esch-Uelzecht